HOME Les ONGD au Luxembourg Présentation des ONGD

logo MOT 131

GLODEN Jean
30 Rue Jean Pierre Beckius
L-6671 MERTERT

-  Tél : 74 80 93
-  Fax :74 80 93

E-mail : lux-elsa@internet.lu

Numéros de compte :
-  CCPL- LU73 1111 2119 9449 0000
-  BILL - LU47 0024 1691 8554 5100


Fondation Luxembourg El Salvador

Les articles
La maison d’accueil pour enfants
Volcans, café, tremblements de terre et sable noir
L’aide luxembourgeoise
Conseil d’Administration
Nos actions au Salvador

Nos actions au Salvador

Résumé vun eise Wierker an El Salvador

D’Kannerheem « Amor y Esperanza »

Dës Institutioun gouf an den 90er Jore vum Abbé Henri Gloden an dem aktuellen Direkter Oscar Pinto gegrënnt. Et ass en Internat mat 40 Plaze fir Bouwen a Jugendlecher, déi aus extrem schwierege soziale Verhältnësser kommen (z.B. Stroossekanner) ; duerfir schaffen hei ganz kompetent an engagéiert Leit (Educateuren, Psycholog ...) un enger delikater Erzéiungsaarbecht, an dat mat vill Erfolleg. D’Kannerheem läit an engem aarme Quartier vun der Stad Santa Ana a gouf zu 100% mat Lëtzebuerger Frangen op- an ageriicht a fonktionnéiert och weider nëmme mat Euroe vu Lëtzebuerg.

D’Atelieren

Zu Santa Ana niewent eisem Kannerheem stinn d’Gebaier vun den « Ateliers thérapeutiques ». Hei gi Coursen ugebueden an Handwierks- a Konschttechniken : Kachen a Baken, Metallveraarbechtung, Gaardenaarbecht, Héngerziichterei, Molen, Musek, Informatik. D’Pensionnaire vum Kannerheem an och aner Jongen a Meedercher aus dem Quartier profitéieren heivun ; et sinn der bis zu 200 am Joer. Et geet drëm, deene Jugendlechen hiirt Selbstvertrauen an hir Geschéckerlechkeet ze entwéckelen an hinnen domatt eng Chance op eng spéider Aarbechtsplaz ze bidden. An de Raimlechkeete vun den Ateliere funktionnéiert och eng ëffentlech Primärschoul an eng Kichen, déi muerges extrem aarme Kanner e waremt Iessen zerwéiert.

Den Terrain « San Luis »

Wéi eis Partner dësen Terrain (gréisstendeels mat engem Don vum Parverband Widdebierg) kaaft hunn, war et eng vernoléissegt Kaffisplantage an der Géigend vum Duerf El Refugio, eng 20 km vu Santa Ana. Si hunn den Terrain deelweis geruet, gebotzt, nei Kaffissträicher ugeplanzt an e Stéck ugeluecht, wou Banannen, Mais, Bounen an anert Geméis gezillt ginn. Geplangt ass hei e Sports- a Formatiounszenter, wou Jugendlecher a jonk Erwuessener aus der Géigend zu gewaltfräiem Zesummeliewe ugeleet solle ginn.

De Projet « El Joval »

Dëst Duerf läit op enger Insel am Südoste vun El Salvador, an do liewe ganz arem Leit an erbäermleche Wunnverhältnësser. Hei hu mir äis engagéiert fir de Bau vun (einstweilen) 130 Haisercher (dovun 20 an der Nopeschuertschaft San Agustin) ze finanzéieren. Virun engem Joer hate mer dëse Projet schon hei ugekënnegt, mee wéinst verschiddenen administrativen an technesche Problemer konnt nach net mam Chantier ugefaang ginn. Eisen éischte Virschlag - 151 Haisercher ganz aus Blech - hu mer op de Rot vu verschiddene Fachleit hin ersat duerch Konstruktioune mat Betonsbléck, wat jo besser isoléiert a méi laang hält, awer och méi deier gëtt. Duerfir hu mir nach bei anere Firmen Devisen ugefrot, déi mer momentan studéieren. Da maache mer eng nei Demande bei eisem Cooperatiounsminister fir datt de Staat de Projet soll cofinanzéieren. Et muss ee bedenken, datt all Dokumenter aus El Salvador op spuenesch geschriwwe sinn, sou datt mir villes mussen iwwersetzen.

D’Fraenhaus « Casa Madre de la Misericordia »

Eng kleng Communautéit vun den Uerdensschwësteren « Siervas de la Misericordia de Dios » sinn amgaang, an der Haaptstad San Salvador en Haus anzeriichten, wou Fraen, déi ënner Gewaltakte leiden, eventuell mat hire Kanner e provisoreschen Ënnerdaach fannen. Eis Fondatioun finanzéiert d’Ariichtung an iwwerhëlt och de gréissten Deel vun de Fonktionnementskäschten.

Boursë fir Stodenten

Duerch d’Vermëttlung vum Henri Gloden ënnerstëtze mir eng 100 salvadorianesch Schüler a Stodenten, déi soss net kéinte viru léieren. Vill vun hinne ginn an eng sozial Richtung a wäerde spéider kënnen e konkrete Bäitrag zu der Entwécklung vun der Gesellschaft leeschten, z.B. als Infirmier, Pedagog, Enseignant, Geeschtlechen, Erzéier vu problematesche Jugendlechen ... Och erwuesse Leit, déi fir e Formatiounsweekend op La Majada kommen an hire Bäitrag net kënne bezuelen, kréien ënner d’Ärem gegraff. (Zu La Majada am Weste vum Land huet den Abbé Gloden en Zenter fir Erwuessebildung gegrënnt.)

Rollstill a Medikamenter

Schon zënter zéch Joer verschaaft den Abbé Gloden aarme behënnerte Leit Rollstill, déi iwwer eis Fondatioun bezuelt ginn. Grad esou kréie Kranker, déi sech d’Medikamenter net kënne leeschten, vun äis oder vum Här Gloden perséinlech gehollef. Och bei Naturkatastrophen, déi an El Salvador relativ heefeg sinn, leescht eis Fondatioun humanitär Hëllef.